Geschicht

Eenzegen Handballsclub an der Haaptstad

Säit der Grënnung vun der LASEP LASEP (Ligue des associations sportives de l’enseignement primaire) 1964, gouf am Schoulhaff vun der Schoul an der Rue Gellé zu Bouneweg regelméisseg Handball gespillt, dat ënnert der Leedung vum Schoulmeeschter Jean Recht, Sekretär vun der LASEP. Fir dass déi jonk Handballspiller vun der Sektioun Bouneweg och no der Primärschoul weiderhin Handball spillen konnten, koum d’Idee vun der Grënnung vun engem Handballsclub an der Haaptstad op. Ënnerstëtzt gouf den Jean Recht dobäi vun den Elteren vun den jonken Spiller, allen virop den Handballfanatiker Louis Birenbaum an René Strainchamps. Den 13. Abrëll 1967 gouf de Club HC Standard Luxembourg gegrënnt. President war den Ernest Goedert, deen dëst Amt sechs Joer laang halen sollt.

Dank dem Asaz vum Komitee an der gudder Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der lëtzebuergescher Handballfederatioun, konnt de Club séier wuessen an schonn am éischten Joer vun senger Participatioun um lëtzebuerger Championat mat véier Équipen deelhuelen (Hären, Junioren, Cadeten an Scolairen). D’Spiller vun der éischter Härenéquipe waren d’Hären Arnold, Baldato, Bidinger, Feider, Gengler, Grethen, Jeitz, Roesgen, M.Schmit, V.Schmit an Thommes. Direkt am éischten Joer konnt sech des Équipe déi zweet Platz an der Promotioun an domat den Opstig an d’Nationaldivisoun sécheren. Do konnt de Club sech iwwer déi folgend Joren un der Spëtzt vum lëtzebuerger Handball etabléieren an gouf tëscht 1973 an 1977 véier Mol hannerteneen Vizechampion.

3.5.1975 (Vizechampion)
Stoend, v.l.n.r.: Birnbaum Cl., Kohl M., Donven, Feider, Thill B., Heynen, Karpen
Sëtzend, v.l.n.r.: Hinger, Zeimet, Rock, Birnbaum J., Strainchamps

Op der Foto: Mike Wiscourt, Georges Frieden, Gert Mannes, Guillaume Mannes, Marc Hübsch,
Marc Hübsch, Mike Brink, Marco Kiesgen

Zu dëser Zäit goufen dréi Spiller vum Club an d’Nationaléquipe beruff: den Goalkeeper Egide Urbain an d’Spiller Roland Karpen an Claude Feider. Den Roland Karpen sollt zum beschten Buteur vun der Nationaléquipe ginn, an 80 Matcher konnt hien 202 Goaler marquéieren.

Den 24. Mäerz 1979 huet et d’Härenéquipe an d’Coupefinal gepackt, wou si zu Uewerkuer op den Spëtzeclub HB Diddeleng treffen sollten. Nodeems d’Spiller déi éischt Véirelstonn gutt mathalen konnten, konnt den HB Diddeleng dono awer dervun zéien an den Match gewannen.

Niewen enger Rei un Titelen vun de vereenzelten Jugendéquipen konnt d’Dammenéquip déi gréissten Erfolleger feieren. Eréischt am Dezember 1974 huet sech den Komitee vum Club derfir entscheet, eng Dammenéquipe ze grënnen. Schonn 1979 des Équipe fir d’éischten Kéier d’Coupe gewannen an war domat fir den Europapokal vun den Coupegewënner qualifizéiert. An der éischter Ronn ass den HC Standard op den RTV Basel getraff. Nodeems Trainingsmätcher géint den ASPTT Metz an den TV Ehrang gewonnen konnten ginn, an bis zu dem Zäitpunkt nach keen Match konnt verluer ginn, waren d’Hoffnungen vun den Spillerinnen grouss. Ënnert der Trainerin Nicole Flammang, fréier Spillerin vum ASPTT Metz an der Regionaléquipe vun Elsass-Lothringen, sinn folgend Spillerinnen fir den HC Standard opgelaf Sauber Léonie an Hermes Sonja (Goalkeeper), Braun Marie-Jeanne, Braun Antoinette, Zeimet Christine, Johansen Birgitte, Brimaire Coryse, Jensen Lise, Johannesdottir Stella, Cloos Edda, Milling Kirsten an Rippinger Trixy. Och wann béid Matcher géint Basel verluer goufen, hat sech d’Dammenéquipe awer deier op europäescher Bühn verkaf.

De Coupegewënn vun 1979 konnt och déi zwee dorop folgend Joren widderholl ginn, sou dass d’Dammenéquipe am Besëtz vun der Originalcoupe bleiwen konnt, déi haut nach am Clublokal steet. 1980 an 1981 huet den Géigner an der Final HBC Bascharage geheescht, eng Équipe déi zu där Zäit am Championat bal net ze schloen war.

An den Ufanksjoeren no senger Grënnung stoung dem HC Standard een eenzegen Terrain am Schoulhaff vun der Primärschoul an der Rue Jean-Baptiste Gellé zur Verfügung. Wéinst der steigenden Unzuel  un Équipen, grad ewéi den Viraussetzungen vum modernen Handball, huet de Club eng éischten Kéier missen op Halen beim Stadion, dem INS an zu Gaasperech zeréckgräifen. 1977 eréischt konnt den HC Standard dann fir d’éischten Kéier an senger Geschicht op eng Hal zeréckgräifen, déi den internationalen Normen entsprach huet: der “Hall Omnisports” zu Bouneweg.

Fir Ouschteren 1988 huet den HC Standard fir säin 20. Gebuertsdag en Turnéier organiséiert, un dem och bekannten auslännesch Équipen deelgeholl hunn. Bei den Hären konnt den ASPTT Metz gewannen, während sech bei den Dammen d’Entente Sportive de Besançon géint den däneschen Coupegewënner Aarhus, den ungareschen Champion Debrecen an déi englesch Nationaléquipe duerchsetzen konnt.

Nodeems d’Dammenéquipe 1991 Vizechampion konnt ginn, ass d’Équipe vum Nicole Flammang an der Coupe IHF op déi spuenesch Équipe Contructora Estrelles getraff. Am Kader stoungen Feiereisen Isabelle an Mai Eliane (Goalkeeper), souwéi Kröpelin Susanne, Hilger-Maller Simone, Wiscourt-Zeimet Christine, Ristovic Natalija, Schennecker Pascale, Rodrigues-Dias Mathilda, Brimaire Coryse, Roermand Birte, Jensen-Brünning Marianne, Johannesdottir Stella, Zuné-Rippinger Béatrice an Mortensen Helle. Dat Joer drop, nodeems erëm eng zweet Platz am Championat erreecht konnt ginn, war den Géigner dann de Club DHC Meeuwen aus der Belge.

D’Härenéquipe vum HC Standard, Vizechampion 1996, huet säin sportlechen Héichpunkt op Zypern kannt. An der Qualifikatiounsronn vun der Coupe EHF konnt de Club Kentro Neotitos aus Larnaka mat 30-31 an 34-34 geschloen ginn an esou den Ticket fir déi nächst Ronn geléist ginn. Hei war déi slowenesch Équipe Gorenje dann eng Nummer ze grouss fir d’Equipe aus der Haaptstad. D’Équipe vum Trainer Claude Olinger bestoung aus den Spiller Jos.Mauruschatt, J.Bandeiras, D.Dumont, J.Gaske, A.Gulbicki, P.Jacobsen, D.Mockel, D.Naghi, D.Pascalicchio an F.Steglinski.

(…)

Henri Bressler (an Zesummenaarbecht mam Diane Weimischkirch an Roland Zeyen), iwwerschafft an an d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Ralph Strainchamps.